De Cyclo Croc’, de Bistro vum Bieschbecher Atelier, fërdert déi berufflech Inklusioun vu Leit mat Séihbeanträchtegung. Eise Bistro bitt eng participativ Beschäftegung an domat eng aktiv Roll an der Gesellschaft an um Aarbechtsmaart.
Eis kleng awer variéiert, hausgemaachte Kaart, bidd eppes fir all Goût. Niewt eise Platen, suergt eise Pâtissier och fir deen een oder aneren Dessert, Taart a Kuch. Eis Kaart ass saisonal a mir schaffe mat frëschen, lokalen oder regionale Produiten.
Direkt un der Velospiste geleeën, ass de Cyclo Croc' déi ideal Plaz fir eng Stäerkung…ob nom Wanderen oder engem flotten Tour mam Velo. De Cyclo Croc' ass awer och spontan zu Fouss séier ze erreechen.








Entdéckt eis saisonal Kaart mat gudder hausmaacher Kichen, egal op salzeg oder séiss, a besicht eis hoffentlech geschwënn fir e flotten a schneekege Moment ze verbréngen.
© 2025 Tous droits réservés · Mentions Légales
Built by ID.lu
Vum 28. November bis den 19. Januar.
Ab dem 20. Januar ass de Cyclo Croc’ vun dënschdes bis freides vun 10 bis 16 Auer op. Bis den 2. Februar huet just de Café op an ab dem 3. Februar ass och eis Kiche vun 12 bis 15:30 Auer mat enger neier Kaart fir Iech do.